19,50 €
inkl. MwSt.
Versandkostenfrei*
Versandfertig in über 4 Wochen
  • Gebundenes Buch

"Mir wëlle bleiwe wat mir sinn" gëtt am Feierwon gesongen, mee wat si mir dann iwwerhaapt? Genee dës Fro stelle sech de Félix a seng Schwëster Mimi. Si wëlle méi iwwert hir Heemecht Lëtzebuerg wëssen an erausfannen. Wärend engem Schoulausfluch maachen d'Geschwëster Bekanntschaft mat enger Lëtzebuerger Berüümtheet, déi mat hinnen eng eemoleg Rees duerch de Grand-Duché mécht. Zesummen entdeckt den Trio dat klengt Lëtzebuerger Land, vun der Stad an de Minett, laanscht d'Musel?a bis erop an d'Éislek - een onvergiesslecht Abenteuer!

Produktbeschreibung

Autorenporträt
D'Stéphanie Heuertz huet, no hirer Première am Stater Kolléisch, zu Innsbruck Germanistik studéiert. Zënter 2015 schafft si als Däitschproff zu Miersch am LTPES (Lycée technique pour les professions éducatives et sociales). D'Liesen an d'Schreiwe huelen net nëmmen an hirem Beruff e groussen Deel vun hirem Liewen an. An der Fräizäit liest si virun allem gären d'Krimie vum Sebastian Fitzek a Charlotte Link an d'Romaner vum Joël Dicker a Guillaume Musso. Schonn am Kader vun hirem Studium huet si sech mat der Kanner- a Jugendliteratur beschäftegt. Mee virun allem säit si Mamm vun zwee Kanner ass, gehéiere Kannerbicher fest zu hirem Alldag. Wärend si schonn als Kand gäre kleng Reimer a Gedichter geschriwwen huet, sou ass "De Félix, d'Mimi an déi Lëtzebuerger Traditiounen" awer dat éischt Kannerbuch, dat si publizéiert huet an 2022 bei den Editions Schortgen erauskoum.