D’Schmetten an d’Schmooen erzielt vun enger onméiglecher Léift op engem Planéit wäit ewech. D’Babett gehéiert zum Vollek vun de Schmetten, de Jo zu deem vun de Schmooen. Déi eng si rout, déi aner blo, an all Kand léiert vu klengem un, dass een net mat deenen anere spille soll. Mee d’Babett an de Jo, déi halen sech net un d’Reegelen. D’Buch vum Bestseller-Duo aus England kënnt dësen Hierscht a 17 Sproochen eraus. Et ass, wéi d’Dedicace vun den Auteuren et scho seet, eng Geschicht „fir all d’Kanner an Europa“.
Bitte wählen Sie Ihr Anliegen aus.
Rechnungen
Retourenschein anfordern
Bestellstatus
Storno