Dësen drëtte Band mat Texter, déi de Glawen an d'Gespréich brénge wëllen, beschäftegt sech mat Fester an Uläss iwwert d'Joer, mat der Sich nom Sënn vum Liewen a mat der Fro no "äise Wàerter"; e versicht, Inhalter aus dem chrëschtleche Glawen opzegräifen an nei an d'Gespréich ze bréngen; di Texter weisen esou éischter Perspektiven op ewéi datt se d'Glawensinhalter am Detail ausleeën. Méi wéi eng Kéier kënnt d'Fro no der Relioun "als Privatsaach" erëm: dat hänkt och mat der Zäit zesummen, an där dës Texter entstane sinn, bleift awer aktuell. Den Titel "Froen, Wäerter a Weeër an d'Zukunft weist op dës verschidden Dimensiounen hin; dat éischt Wuert bleift awer "Froen": keen huet d'Rezept, fir d'Zukunft ze garantéieren, zesumme kënne mer d'Froen besser stellen a kreativ Äntwerten entwéckelen.