
Vun der Long op d'Zong
Ausdréck aus dem fréieren Duerfliewen
Versandkostenfrei!
Sofort lieferbar
32,50 €
inkl. MwSt.
PAYBACK Punkte
0 °P sammeln!
Et ass esou wäit! "Vun der Long op d'Zong" ass, no aacht Joer, erëm do - nei a frësch iwwerschafft! Sprooch ass am stännege Wandel a sou och eis Heemechtssprooch Lëtzebuergesch. An dësem éischte Band këmmere mir eis drëm, dass al Wierder, déi soss iergendwann eng Kéier vun der Bildfläch verschwanne géingen, preservéiert a konservéiert ginn. De Vocabulaire aus der fréierer Duerfambiance oder alen Theaterstécker mat Lokalkolorit, deen an dësem Band ënner anerem zesummegedroe gëtt, ergänzt aner scho publizéiert Wierker, ouni a Konkurrenz mat dësen ze stoen. Dëst Buch ass a...
Et ass esou wäit! "Vun der Long op d'Zong" ass, no aacht Joer, erëm do - nei a frësch iwwerschafft! Sprooch ass am stännege Wandel a sou och eis Heemechtssprooch Lëtzebuergesch. An dësem éischte Band këmmere mir eis drëm, dass al Wierder, déi soss iergendwann eng Kéier vun der Bildfläch verschwanne géingen, preservéiert a konservéiert ginn. De Vocabulaire aus der fréierer Duerfambiance oder alen Theaterstécker mat Lokalkolorit, deen an dësem Band ënner anerem zesummegedroe gëtt, ergänzt aner scho publizéiert Wierker, ouni a Konkurrenz mat dësen ze stoen. Dëst Buch ass awer méi ewéi dat! Nieft dem Vocabulairesdeel, wéi een e kennt, fannt Dir bei all Buschtaf interessant, deelweis historesch, baierlech oder och e bësse méi humoristesch Texter. Entdeckt mam frëschen, erweiderten an an zwee Bänn opgedeelte "Vun der Long op d'Zong" déi al Lëtzebuerger Sprooch nei!